Lëtzebuerg kéint sech u Loftbréck bedeelegen

Schonn am Mäerz 2024 war e Pilot vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer der Gaza-Sträif am Asaz. / © Archiv: Belsch Arméi
Am Mäerz 2024 ware Belsch a Lëtzebuerger Piloten am Noen Osten am Asaz. Eng weider Bedeelegung un enger internationale Missioun steet den Ament am Raum.
Eng Participatioun vun der Belsch-Lëtzebuerger A400M-Unitéit un enger Missioun fir de Parachutage vun Hëllefsgidder iwwer Gaza gëtt aktuell op Ufro vun de belschen Autoritéite gepréift. Dat huet de Lëtzebuerger Verdeedegungsministère confirméiert.
D’Missioun wier Deel vun enger international koordinéierter Loftbréck, déi vun Däitschland a Jordanien lancéiert gouf. Si soll d’Zivilbevëlkerung am Gazasträif mat Liewensmëttel, Waasser a Medikamenter ënnerstëtzen.
Schonn ugangs 2024 war déi Belsch-Lëtzebuerger A400M-Unitéit un enger Missioun am Noen Oste bedeelegt.
Dës Hëllef gëtt allerdéngs vu villen internationalen Hëllefsorganisatioune kritiséiert: Si wier nëmmen eng "Drëps op de waarme Steen", kéint net déi real Bedierfnesser ofdecken an ass zousätzlech geféierlech fir d'Leit um Buedem.
D’Loftbréck wier éischter e symbolesche Schrëtt a géif net hëllefen, déi humanitär Noutlag ze léisen.