An de leschte Stonnen goufen et dräi Blesséierter op de Lëtzebuerger Stroossen.

Géint 11 Auer en Dënschdeg de Moien gouf eng Persoun zu Colmer-Bréck vun engem Auto ugestouss an dobäi verwonnt.

Kuerz duerno gouf et ee weidert Accident zu Éiter. Hei waren zwee Autoen net laanschteneen komm. Den 112 mellt hei zwee Blesséierter.