An der Nuecht op e Mëttwoch gouf der Police jeeweils een Abroch an en Eefamilljenhaus zu Réimech an zu Alzeng gemellt.

An der Rue des Pommiers zu Réimech haten d'Täter d'Dier vun engem Eefamilljenhaus opgebrach a sech domadder Zougang no banne verschaaft. Do hu si e puer Raim duerchsicht an ënner anerem e Portmonni matgeholl. Zu Alzeng an der Rue de Syren waren d'Täter duerch eng Fënster an en Eefamilljenhaus agebrach.

A béide Fäll konnten d'Abriecher sech duerch d'Bascht maachen, sou datt d'Ermëttlungen ageleet goufen.

Wéi ee sech preventiv géint Abréch doheem schütze kann, kënnt Dir um Site vun der Police noliesen.