Bei de Keese vun der Krankeversécherung gouf et e Minus vu 25,8 Milliounen €

© RTL Archiv
D'Zuelen, déi scho wärend der leschter Quadripartite Enn Mee matgedeelt goufen, ginn am Jores-Bilan vun der CNS confirméiert.
Déi global Reserv geet doduerch op 936 Milliounen erof. D’Sozialministesch Martine Deprez hat am Mee annoncéiert, dass bis d'Hierscht-Quadripartite Mesuren ausgeschafft solle ginn, wéi d'Situatioun vun der Krankeversécherung kann à long terme ofgeséchert a strukturell redresséiert ginn.
Wat de Kontakt mat der CNS ugeet, gëtt den Online-Service ëmmer méi benotzt, awer och d’Visitten an enger Agence sinn ëm iwwer 12% an d’Luucht gaangen, wat d’Wichtegkeet vum direkte mënschleche Kontakt géif ënnersträichen.
Iwwert dëse Link kann een de komplette Joresrapport 2024 vun der CNS eroflueden.