Bei der grousser Kontroll am Garer Quartier en Dënschdeg louch de Fokus op den Drogen- an Immigratiounsgesetzer, grad ewéi dem Weise vu Presenz.

Mat engem Dispositif aus 22 Beamten an engem Drogemupp war d'Police en Dënschdeg am Nomëtteg fir eng grouss Kontroll an der Rue de la Fonderie an an der Hollerecher Strooss.

Am Ganzen hunn d'Polizisten 23 Leit kontrolléiert. Eng Kéier gouf eng Verwarnung geschriwwen an eng Kéier e Protokoll wéinst dem Verstouss géint d'Drogegesetz. Bei 7 kontrolléierte Persounen ass opgefall, datt si illegal am Land sinn. D'Beamten hunn déi entspriechend Demarchen an d'Weeër geleet.