En Dënschdeg den Owend war der Police gemellt ginn, dass e Laptop an der Rue du Marché-aux-Herbes an der Stad geklaut gouf.

Am Laf vun den Ermëttlunge konnt den Täter op der Héicht vun der Place Guillaume gestallt ginn. Bei der Kontroll vum Déif goufen nieft engem Portmonni nach zwee Handye séchergestallt.

Bei de weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt den Täter méiglecherweis mat weideren Déifställ um selwechten Owend a Verbindung kéint stoen. De Parquet huet ordonéiert, den Déif festzehuelen. Hie koum e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter. D'Besëtzer hunn hir Saachen zréckkritt.