D'Bautereglement fir d’Gemenge war e Mëttwoch de Moie Sujet op enger Pressekonferenz vum Mouvement Ecologique.

Et begréisst een zwar, datt Standarden an Norme fir d’Gemengen déi nämmlecht solle sinn an awer mécht ee sech Suergen. Et war den Appell, datt net just opgebessert, mee och Zukunftstheme mat era geholl solle ginn.

Mouvement Ecologique iwwert dat neit Bauteregelement - Rep. Claudia Kollwelter

D'Klima-Kris zum Beispill misst am neie Bautereglement respektéiert an opgegraff ginn, seet d'Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber: "D'Faarwen zum Beispill oder d'Corniche-Héichten gi gereegelt wärend deem eis Welt virun dramateschen Verännerungen steet an Aspekter wéi Klimaschutz a Biodiversitéitschutz am Ablack net behandelt ginn."

National Normen bei de Solaranlagen an och de Wäermepompelen wieren dem Mouvement écologique no och néideg, aktuell ginn et do nach ganz ënnerschiddlech Reegele vu Gemeng zu Gemeng. Eng weider Iddi ass déi vun der Daachbegréngung.

D'Claire Wolff: "All Baute mat engem platten Dach oder enger gerénger Pente kënne begréngt ginn. Dat ass engersäits fir d'Biodiversitéit e wichtege Punkt. Do kënne Kraider a Blummen drop stoen, wou d'Insekten e Liewensraum fannen. An anersäits kënnen déi de staarke Reen, deen jo ëmmer méi dacks gëtt, ofpufferen."

Dat neit Bautereglement misst dann och onbedéngt d'Renovatioun vu Gebaier an Haiser fërderen. Aktuell ass et nämlech esou, datt wann een ëmbaut een dat komplett Haus op de Standard vun engem Neibau brénge muss. A ville Gemengen stinn Haiser eidel: "Et ass en imminenten gesellschaftspoliteschen Interesse drun, datt déi Haiser valoriséiert, ëmgebaut a nei bewunnt ginn. Wann d'Hürden ofgebaut géife ginn, déi et aktuell ginn, fir esou en Ëmbau ze maachen, géif dat och vill méi séier goen wéi Neibauten."

Och nei Wunnforme wéi intergenerationellt Wunnen, Wunnkooperativen oder Wunngemeinschafte misste mam neie Bautereglement erliichtert an zougelooss ginn, huet d'Blanche Weber nach betount.