Um Mëttwoch de Moien ass et an der Rue Mil Neuf Cents op der Gare zu engem Iwwerfall komm. Ee Mann huet eng Fra ugeschwat, soi-disant fir Mënzen.

Wéi si dat refuséiert huet, huet den Täter no hirer Posch gegraff an huet d'Fra attackéiert, duerno ass e fortgelaf. D'Affer gouf beim Virfall blesséiert. Am Kader vun der Enquête konnt de Mann verhaft ginn. Hien hat schonn am Nomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.