Vill ze dinn fir d'Police um Samschdeg de Moien

© RTL-Archiv
Ënnert anerem gouf um 1 Auer e Samschdeg de Moien d'Police geruff, dat wéinst enger Farerflucht op der A13 Richtung Péiteng.
De Chauffeur soll hei tëscht dem Tunnel Éilereng an Aessen mat héijer Vitess engem aneren Auto, deen och hei ënnerwee war, gerannt sinn a wier dono weider Richtung Péiteng gefuer, ouni stoen ze bleiwen. Eng Patrull vun der Police konnt d'Gefier du schliisslech zu Péiteng an der Avenue de l'Europe stoppen an de Chauffeur kontrolléieren. De Chauffeur hat ze vill Alkohol gedronk, krut de Permis ofgeholl a gouf protokolléiert.
Zwou Stonnen drop, géint 3 Auer, ass der Police en Auto op der Autobunnsbréck an der Areler Strooss zu Stroossen opgefall. Den Auto stoung bei enger Rouder Luucht, ma ass awer net gefuer. De Grond war séier kloer, de Chauffeur hannert dem Steier war ageschlof. Och hei hat d'Persoun hannert dem Steier Alkohol gedronk.
Géint 4 Auer ass enger Patrull vun der Police dann e Samschdeg de Moien en Auto negativ opgefall, nee vu Frankräich aus a Richtung Rodange ënnerwee war, dat mat extrem héijer Vitess. D'Beamte konnten de Chauffeur zu Rodange an der Lonkescher Strooss stoppen a kontrolléieren. Och hei war Alkohol am Spill an de Fürerschäin gouf säitens der Police agezunn.
An nach eemol zwou Stonne méi spéit, also géint 6 Auer, ass der Police op der A13 bei Déifferdeng en Auto opgefall, dat a Schlaangelinne gefuer ass. An der Rue du Gaz konnt den Auto du schliisslech ugehale ginn. Och hei war séier kloer, dass de Chauffeur alkoholiséiert war, och hei gouf de Permis agezunn.