Um Dënschdeg de Moien hat den Handyoperateur Tango mat technesche Problemer ze kämpfen, déi antëscht awer behuewe wieren.

Bei Tango war en Dënschdeg de Moie vu 5.20 Auer bis 9.34 Auer eng Pann. All d’Servicer funktionéieren nees. 
 
Tango huet op Nofro hi betount d’Pann wier net op eng Cyberattack zeréckzeféieren, mee op e Problem bei der Hardware am "Core-Reseau". Proximus, d’Mammenhaus vun Tango, huet duerno per Communiqué eng Cyberattack nach emol formell ausgeschloss.
 
Ronn d’Hallschent vun de Cliente wier impaktéiert gewiescht. Fir si kéint et Schwieregkeete gi sinn, fir un den 112 an den 113 ze kommen, esou Proximus, mee och den Haut-Commissariat à la protection nationale, deen en Dënschdeg de Moie seng Cellule fir d’Evaluatioun vum «Cyber-Risiko» aberuff huet.

Bei der Police war iwwerdeems en Dënschdeg de Moie preventiv dozou opgeruff ginn, all d'Büroen ze besetzen, am Fall wou et sech nees ëm eng Cyberattack gehandelt hätt.
 
Ewéi mir e Méindeg bericht haten an ewéi den techneschen Direkter vun Tango selwer erkläert huet, kann een awer zu all Moment den 112 erreechen. Dat andeems een op sengem Handy den Operateur wiesselt. An deem Fall kann een zwar déi aner Kontakter net erreechen, mee den 112 schonn.
 
Mol net zwou Wochen ass et hier, ewéi eng Cyberattacke zur grousser Pann bei der Post gefouert hat. Tango (Proximus) ass hannert der Post, den zweetgréissten Telekom-Operateur hei am Land. Drëtten ass Orange.

Schreiwes vun Tango - Proximus

Ce matin, un incident technique lié à un équipement défectueux a perturbé temporairement une partie services mobiles. La panne, qui n’est pas liée à une cyberattaque, a été entièrement résolue à 09h34.

L’incident a impacté environ la moitié de notre base de clients mobiles, entraînant une dégradation des sessions data et des difficultés dans la terminaison des appels vocaux, y compris ceux vers les numéros d’urgence 112 et 113.
 
Tous les services ont été rétablis et la situation est désormais entièrement revenue à la normale.
 
Nous remercions nos clients pour leur compréhension et présentons nos excuses pour la gêne occasionnée.