Bis 2032 gëtt ronn eng Milliard an de Findel investéiert

© RTL Archivbild
Um Fluchhafen hei am Land wäert déi nächst Jore weider massiv investéiert ginn.
D'Mobilitéitsministesch schwätzt vu ronn enger Milliard Euro bis 2032. Dës Sue ginn zum gréissten Deel vum Gestionnaire lux-Airport gedroen (800 Milliounen Euro), woubäi de Staat sech awer och mat 200 Milliounen Euro un de Fraise wéi Sécherheet an Dedouannement bedeelegt.
Kloer ass, datt den Trafic um Findel awer weider wäert wuessen an d'aktuell Plaz bis 2050 wäert un hir Limitte stoussen, well eng Vergréisserung um Findel net méi dran ass an och keng zweet Start- a Landebunn ka gebaut ginn.
Dofir wier et wichteg, elo mam Plange vun engem neie Fluchhafen unzefänken, sou d'Yuriko Backes, well de Bau vun dësen neie Gebailechkeeten a Pisten och nees 20 Joer kann daueren.
Wéini eng Decisioun iwwert de Bau vun engem neien Airport geholl gëtt a wéi eng Faisabilitéitsetüde lancéiert ginn, wollt d'Ministesch net soen.
D'parlamentaresch Fro zum Sujet hat den CSV-Deputéierte Laurent Mosar gestallt.