Déi 685. Editioun vun der Schueberfouer fänkt déi aner Woch e Freideg, den 22. August ëm 17 Auer un. Se dauert bis den 10. September.

Och dëst Joer wieren ëm déi 2 Millioune Visiteuren ze erwaarden, sou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt, deen en Dënschdeg zesumme mam Fouermeeschter Laurent Schwaller op engem Briefing am Bierger-Center iwwer d’Schueberfouer 2025 informéiert huet.

213 Foraine goufen ugeholl, ënnert de Spiller si 6 neier, dorënner eng grouss Achterbunn, an och 5 Restaurante sinn nei.

Pressekonferenz Schueberfouer 2025 / Reportage Chris Meisch

Wat sinn déi wichteg Datumer? 

Den 22. August geet et um 17 Auer lass. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer mécht déi offiziell Ouverture an duerno gëtt den traditionellen Ham a Kuch an der ‘Friture Armand’ vum ‘Collège des bourgmestre et échevins’ ugebueden.

En Dënschdeg de 26. August steet de Buergermeeschterdag um Programm. Am Nomëtteg maachen d’Buergermeeschteren en Tour iwwer d'Fouer a wéi all Joer spille si d’Roll vun de Serveuren an de Restaurante vun 19 bis 22 Auer – natierlech just fir de gudden Zweck.

De Familljendag ass dëst Joer den Organisateuren no an zwee Deeg opgedeelt ginn. Den éischte Fouer-Mëttwoch, de 27. August, sinn dann d’Präisser fir d’Spiller en Tick méi bëlleg. An de Mëttwoch drop, 3. September, ass d’Iessen un der Rei.

De Kinniginnendag ass natierlech och net ze vergiessen an dëst Joer fänkt en den 28. August um 17 Auer bei der Haaptentrée un.

Den 31. August ass da Fouersonndeg, well den Dag drop, den éischte September, ass d’Braderie an der Stad.

D'Maskottche vun der Fouer "Lämmy" mécht den Tour duerch d’Fouer den 2. a 4. September, wou et Fouerbichelcher mat gratis Tickete fir op d’Spiller ze gewanne gëtt.

Freides, de 5. September, ass moies um 11 Auer d'’Messe des Forains' an um 12 Auer, fir dem Jang de Blannen ze gedenken, gi Blumme bei säi Monument geluecht.

Den 8. September ass de Lämmy-Fouer-Spill-Dag, wou de Lämmy Coupone verdeelt, fir duerno Gewënner ze zéien, déi flott Präisser gewannen.

A fir ofzeschléissen, hunn d’Visiteuren den 10. September rëm d’Méiglechkeet, bësse Geld ze spueren. Fir d’Spiller misst een da just nach den hallwe Präis bezuelen, awer dat just bis 8 Auer owes. Um 10 Auer Owes soll een dat  spektakuläert Freedefeier natierlech net verpassen.

RTL

D’Mobilitéit bleift selwecht ewéi d’Jore virdrun 

De Parking ënnert dem groussen Theater ass zou a ronderëm de Glacis kaschten d’Parkplazen. Wéi ëmmer ass d’Fouer vun 12 Mëttes bis 1 Auer an der Nuecht op, ma d’Navette 37, déi vu Parking Bouillon aus fiert, fänkt um 11h30 u mat fueren, bis nom Schluss vum Owend. All d’Buslinnen, souwéi den Tram si gratis a fueren normal weider.  

Wéi gesäit et mat de Präisser aus?

Et gëtt net méi bëlleg, well "wann d'Matière-premièren an d'Luucht ginn, also d'Präisser dofir, da ginn och d'Präisser vun de Produiten an d'Luucht", esou de Laurent Schwaller géintiwwer RTL. "Mir kucken dat natierlech ze verfollegen. Also d'Foraine mussen eis hir Präisser och uginn an et kann elo net jiddwereen egal wéi d'Präisser erhéijen." D’Präis-Entscheedunge selwer leien awer bei de Forainen.

De Patrick Goldschmidt léisst wëssen, datt ee versicht, d’Präisser méi oder manner mat deene vun de klenge Kiermesse vun der Saison gläichzehalen: 3 Gromperekichelcher kaschte 7,50 Euro.

Och ëm d’Ëmwelt gëtt sech gekëmmert

D’Fouerekipp wëll méi nohalteg ginn. Dofir hu si Spezialisten agestallt, déi dofir suergen, dass d’Restauranten alles genee trennen an dass sou vill wéi méiglech verkaf an net wechgeheit gëtt.

Schlussendlech sollten déi 213 Forainen, déi virgesi sinn, sou nohalteg wéi méiglech schaffen, well awer och en Deel vum Fouer-Budget, deen am Ganzen iwwer 1 Millioun Euro geet, doranner investéiert ginn ass.

Fir datt kee Kand verluer geet

D'Police bitt och dëst Joer nees hire Service fir verluere Kanner un, wou een am Virfeld op MyGuichet scho seng Donnéeën an déi vum Kand kann uginn. Virun der Visitt op der Fouer kritt een dann am Police-Container e Sticker, deen een d'Kleeder vun de Kanner ka pechen. Sollt d'Kand da verluer goen an een aneren et fannen, da kann d'Police direkt de Code um Sticker scannen an domadder dann d'Informatioune vum Responsabele kréien an deen direkt kontaktéieren.