1988 huet de René Closter d'Luxembourg Air Rescue gegrënnt. Einfach war dat net.

Virun der LAR (Luxembourg Air Rescue) gouf e puer Joer virdrun de SAMU Service zu Lëtzebuerg gegrënnt. "Ech war bei de Beruffspompjeeën a mir hunn zu enger Partie Kolleegen zesumme mat e puer engagéierten Dokteren de SAMU gegrënnt. Duerno ware mir der Meenung, mir kéinten elo och nach d'Kiischt op de Kuch setzen an en Helikopter-Service hei zu Lëtzebuerg aféieren", sou de René Closter, Grënner vun der Air Rescue am Grand-Duché, 1988.

Dat huet alles méi einfach geklongen, ewéi et a Wierklechkeet war. "Ech hu mäi Pilgerstaf an de Grapp geholl a si vu Politiker zu Politiker trëppele gaangen. Ech si bei d'Protection Civile gaangen. Iwwerall war et e kloren "Niet". Dir kritt keen Helikopter op Lëtzebuerg."

E schroen Accident an den Ufank vun der Air Rescue

E klenge Bouf gouf an der Steeseler Strooss zu Bäreldeng vun engem Dreckswon ugestouss, wéi hien aus dem Schoulbus geklommen ass. "Dat war Juli, wéi d'Vakanzen am Frankräich ugefaangen hunn. Mir sollten hien op Toul transportéieren, fir do de Fouss nees ugebutt ze kréien. Mir hunn awer keen Helikopter kritt. Am Ausland war keen disponibel. Mir hunn de Bouf du mat der Ambulanz gefouert. Well dat awer sou laang gedauert huet, huet de Jong de Fouss verluer", erzielt mir de René Closter. Och haut nach mat ganz emouvanter Stëmm.

1973 huet de René Closter bei de Beruffspompjeeën ugefaangen - beim Ambulanzendéngscht. Virun iwwer 50 Joer goufen et 134 Verkéiersdoudeger. "Ouni déi vill Schwéierblesséiert op de Stroossen ze vergiessen", sou de fréieren Direkter vun der Air Rescue. D'zejoert sinn 18 Leit op eise Stroosse gestuerwen.

"2.000 Stonne Flucherfarung als Helikopterpilot"

Den Ament huet d'LAR 6 Helikopteren a kann op 5 Ambulanzfligeren zréckgräifen. Fir dës Maschinnen ze fléien, brauch et Personal mat Erfarung - vill Erfarung. Weltwäit rekrutéiert d'Air Rescue. "Mir froen 2.000 Stonne Flucherfarung, ier mir en Helikopterpilot astellen. Et si quasi alleguer Ex-Militärleit an dat sinn der mat engem groussen Ego."

Eng ronn 200 Leit schaffe bei der "Luxembourg Air Rescue". Administratiivt Personal, Mecanicien, Piloten, Dokteren an Infirmieren. "Et muss een an d'Ekipp passen." Dorop leet de René Closter ganz vill Wäert. "Bei der Air Rescue ass een. Bei der Air Rescue schafft een net." A weider: "Wann een net mam Häerz dobäi ass, net frou mat Mënschen ass, kann een dësen Job net maachen. Egal a wéi engem Beräich", sou de René Closter am RTL-Interview. 
Bei engem Helikopterasaz ass ee Pilot dobäi, een Dokter-Anästhesist an en Infirmier-Anästhesist. Beim Ambulanzfliger kënnt ee Co-Pilot dobäi.

An engem Joer flitt d'Air Rescue eng 3.000 Asätz. "Déi sinn awer ganz onreegelméisseg verdeelt. Gëschter (Méindes 28.07.) hate mir eleng mam Helikopter 15 Asätz. D'Deeg si laang. Mir fänke moies fréi u mat fléie bis owes, wou d'Sonn ënnergeet. Am Wanter fléie mir nëmme vu moies 9 bis nomëttes 17 Auer. Da ginn et awer nach Erklärunge fir méi Asätz am Summer ewéi de Wanter iwwer."

"Mir ware gutt op d'Pandemie preparéiert"

D'Corona-Pandemie war och fir d'Ekipp vun der Air Rescue eng Erausfuerderung. "Mir waren awer gutt virbereet. Dëst, well mir déi eenzeg op der Welt sinn, déi Ebolapatienten transportéiert hunn", sou ee ganz houfrege René Closter. "Mir haten deemools e System developpéiert an eise Fligeren, wou de Patient komplett ofgetrennt vun der Crew war. Eng Zort Zelt. Déi Formatioun an dat Ekipement koum eis natierlech ze gutt an der Pandemiezäit."
"Ganz vill Covid-Patienten aus dem Grand Est hu mir an d'Ausland geflunn. Op Berlin oder Zürech." Vun hinne gouf et vill Dankbarkeet géintiwwer den LAR-Ekippen.

Rettungshelikopter kritt Aascht ze paken a muss haart landen

Sou stoung an engem Online-Artikel Enn Mee op RTL.lu ze liesen. Geschitt war dëst bei engem Autosaccident tëscht Noutem a Béiwen. "Beim Start vum Rettungshelikopter hunn d'Rotorblieder Äscht vun engem Bam touchéiert. Doduerch goufen d'Rotorblieder beschiedegt an doduerch ass eng Wucht entstanen. Déi ganz Maschinn huet ugefaangen, ronderëm sech ze schloen. Si war quasi net méi kontrolléierbar. Dem Pilot ass et trotzdeem nach gelongen, d'Maschinn nach op de Buedem ze setzen an awer gouf et eng am Fachjargon genannt "Hard landing". D'Maschinn gouf schwéier beschiedegt an ass den Ament bei Airbus. "Si gëtt analyséiert. Ass si opbaubar? Ka si gefleckt ginn? Oder ass et en Totalschued?" Déi Responsabel vun der Air Rescue waarden hei op eng Äntwert.

Starlink-Satellittesystem

Den US-Milliardär Elon Musk ass Proprietär vun dësem System. An eiser haiteger digitaler Welt brauch et Internetverbindungen, fir kommunikéieren ze kënnen. Bei der Lëtzebuerger Air Rescue gräife se aus Sécherheetsgrënn op dës Technologie vum Musk zréck. Et ass e Backup.

Mëttwochs, den 23. Juli koum et bei der Post zu enger Cyberattack. Doduerch koum et zu Problemer mam Reseau. Duerch d’Attack waren deemools wärend ronn véier Stonnen déi mobil a fixe Telefonsreseauen an och d’Internetservicer vun der Post ausgefall. Bei der Air Rescue ware se du frou, dëse Back-Up vum US-Milliardär ze hunn.

Am Joer 2021 huet de René Closter no 33 Joer als Generaldirekter vun der Air Rescue opgehalen. Aktuell ass den haut 72 Joer ale Mann nach President vum Verwaltungsrot. D'Air Rescue zielt aktuell ronn 185.000 Memberen.