Police mellt Alkohol um Steier an Abréch an Autoen

Wéi d'Police schreift goufen et um Sonndeg Interventioune wéinst Alkohol um Steier a well an zwee Gefierer an der Stad agebrach gouf.
Tëscht Sonndeg a Méindeg goufen nees e puer Permisen uechter d'Land agezu wéinst Alkohol um Steier.
Géint 19.20 Auer gouf der Police eng Automobilistin um Wandhaff gemellt, déi an der Dräikantonsstrooss Richtung Stengefort a Schlaangelinnen ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv a si huet hire Permis missen ofginn.
E bësse méi spéit am Owend huet d'Police eng weider Persoun an der Lëtzebuerger Strooss zu Péiteng ugehalen. Och hei war den Alkoholtest positiv an d'Police huet de Fürerschäin agezunn.
Abréch an Autoen
D'Police mellt weider eng Rei Abréch an Autoen iwwert de Weekend. Géint Mëtteg e Sonndeg ass e Gefier um Boulevard Prince Henri an der Stad opgebrach ginn; e Portmonnie gouf dobäi geklaut.
Eng Sportstrousse an e Brëll goufen dann aus engem Gefier zu Gaasperech geklaut.
A béide Fäll gouf eng Ermëttlung ageleet.