E Méindeg de Moie waren am Bësch um Kierchbierg hannert dem RTL-Gebai zwou Patrulle vun der Police ënnerwee.

Wéi mir op Nofro hi vun de Beamten op der Plaz gewuer gi waren, hate sech op d'mannst fënnef Sans-abrie mat Zelter am Gréngewald hannert dem RTL-Gebai installéiert. Si goufe gebieden, d'Plaz bis en Dënschdeg ze raumen.

D'Police hat dann och wësse gedoen, dass ee probéiert hat erauszefannen, wiem de betraffenen Deel vum Bësch gehéiert, fir de Proprietär dann och z'informéieren, dass déi Leit do wieren an opgefuerdert goufen, de Bësch ze verloossen.

Wéi mir e Mëttwoch nach eemol op déi betraffe Plaz kucke waren, waren d'Sans-abrie fort an haten och hir Saache matgeholl.

Sans-abrien um Kierchbierg hunn antëscht hir Schlofplaz geraumt
E Méindeg hat d'Police Sans-abrien hannert dem RTL-Gebai am Bësch gebieden, bis en Dënschdeg d'Plaz ze raumen. E Mëttwoch de Mëtteg war dëst du geschitt.