Zu Greiweldeng
Fall vun haislecher Gewalt a Mordmenace géintiwwer anerer Persoun

© Photo by Viktoria Bank / TT NEWS AGENCY / TT News Agency via AFP
An der Nuecht op e Sonndeg krut d'Police e Fall vun haislecher Gewalt tëscht enger bestueter Koppel zu Greiweldeng gemellt.
Eng Policepatrull ass direkt op d'Plaz gefuer an et sollt sech erausstellen, dass de Mann wuel handgräiflech géintiwwer senger Fra ginn ass a se och menacéiert huet. E soll dann och eng Mordmenace géintiwwer enger anerer Fra geäussert hunn.
Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter verhaft an hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies