D'Visiteure vun der Fouer dierfe sech op 6 nei Spiller a 5 nei Iessbude freeën

© Chris Meisch / RTL
Faarweg Luuchten, geckeg Spiller, vill Musek an de Geroch vun ënnerschiddlechstem Iessen... Dat erwaart d'Leit nees vun e Freideg un.
Och dëst Joer ginn et souwuel al Klassiker, wéi och Neiheeten. 6 nei Spiller an och 5 nei Iessbuden sinn dëst Joer dobäi. D'Foraine ginn och net zoufälleg, mee duerch en definéierte System erausgewielt.
Iwwer 500 Forainen hunn hir Demande erageschéckt, fir hire Commerce op der Schueberfouer dierfen ze bedreiwen, 213 Dossiere goufen accordéiert. Fir méi Foraine wier einfach keng Plaz, sou de Fouermeeschter Laurent Schwaller. Op der Schueberfouer heescht et och net "den Éischten ass vir", bei der Auswiel gëtt et nämlech e präzise Bewäertungssystem mat Punkten.
"Dat heescht d'Stänn kréien alleguer Punkten, parallel kucke mir dann um Plang. Dat heescht, et ass een iterative Prozess, fir ze kucken, well dat eent Karussell ass net esou grouss wéi dat anert. Dat heescht, et kann een zwee där enger dohi setzen oder eent där anerer just. Dat heescht, dat geet mam Plang zesummen, wou mir da kucken. An et sinn ëmmer déi, wou déi meeschte Punkten hunn, déi dann zréckgehale ginn. Dat heescht Neiheete kréien een Neiheete-Bonus, Klassiker kréien ee Klassiker-Bonus. Dat weit sech e bëssi aus, mee am Endeffekt kucke mir, fir all Joer e bëssi awer en intressante Mix ze kréien."
Evolution, Mondlift, Rio Rapidos, Fortress Tower, Take Off a Polyp sinn d'Nimm vun den neie Spiller. Bei e puer vun hinne sinn d'Opriicht-Aarbechte sou gutt wéi ofgeschloss, anerer kënnen aus organisatoresche Grënn réischt méi spéit kommen. Fir jidderee gëllt awer, bis e Freideg muss alles prett sinn.
An och bei den Iessbude gëtt et fir d‘Visiteuren e puer Nouveautéiten. Dat wieren d'Schnitzelhütte, d‘Corndogs House, de Falafel Taxi, d'Mini Donuts Factory an de Chalet de Chocolat.
Verschidde Foraine reese mat enger Rei Camionen un, plus enger Ekipp fir hir Spiller a Buden opzebauen – eng Aarbecht, déi ongeféier eng Woch dauert. Déi Meescht sinn dat ganz Joer iwwer mat hire Manegen ënnerwee. Fir d'Schueberfouer lafen d'Preparatioune jee nodeem scho bis zu véier Méint am Viraus un.
Nei ass och, dass dëst Joer de Familljendag op zwee Deeg opgedeelt ass: een Dag fir d'Manegen an ee fir d'Iessbuden. Den éischte Fouer-Mëttwoch, de 27. August, sinn deemno d'Präisser fir d'Spiller reduzéiert. An eng Woch méi spéit, den 3. September, ass d'Iessen un der Rei.