Police mellt zwou Festnamen
Onéierlecher hu sech nees als LuxTrust-Mataarbechter ausginn

E Samschdeg den Owend krut d'Police nees e Virfall gemellt, bei deem eng Persoun Affer vun enger Arnaque ginn ass.
D'Affer ass dobäi vun enger Persoun, déi sech als LuxTrust-Mataarbechter ausginn huet, kontaktéiert an doriwwer informéiert ginn, datt se bedru gouf a Gefor lafe géing, Affer vun engem Abroch ze ginn. Den Onéierlechen huet kuerz duerno d'Affer doheem besicht, hir d'Bankkaarten ofgeholl a gesot, e weideren angeebleche Mataarbechter géif spéider laanschtkommen a preventiv eng Rei Wäertgéigestänn mathuelen.
D'Police konnt am Kader vun der Enquête zwee Verdächteger festhuelen, déi e Méindeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter kommen.
Am meeschte gelies