Um Méindeg den Owend goufen d'Pompjeeë op d'Kockelscheier an d'Beetebuerger Strooss geruff, grad wéi op Beetebuerg an d'Rue John Fitzgerald Kennedy.

Op der Kockelscheier hunn d'Stater Pompjeeën e Brand um Buedem musse bekämpfen, dat géint 21.40 Auer.

Géint 23.20 Auer da war et e Brand op engem Balcon zu Beetebuerg, bei deem d'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng gefuerdert waren. Eng Ambulanz vu Beetebuerg war och op der Plaz an huet sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.