Moto an Auto um CR308 aneneegerannt, Cyclist zu Ettelbréck ugestouss

Am Laf vun en Dënschdeg hunn d'Rettungsekippe vum CGDIS op enger Rei Plazen am Land mussen agräifen. Et koum zu dräi Accidenter mat véier Blesséierten.
En Dënschdeg géint 6.30 Auer koum et um CR121 zu engem Accident, dat tëscht dem Blummendall an dem Mëllerdall. E Motocyclist war hei mat senger Maschinn gefall. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Jonglënster waren an den Asaz geruff ginn. Eng Persoun gouf verwonnt.
E weideren Accident mat engem Motocyclist gouf et dann um 11.34 Auer um CR308 tëschent Heischent a Kiemen. Dësen ass hei mat engem Auto zesummegestouss. Zwou Persoune goufe blesséiert.
Am Nomëtteg ass dann op der Place Marie-Adelaide zu Ettelbréck e Vëlosfuerer vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn.