De fréiere Journalist Emile Rossler ass de Weekend gestuerwen

De laangjäregen Adjoint vum Chefredakter am Lëtzebuerger Wort ass 93 Joer al ginn.
Bekannt a geschat war den Emile Rossler duerch seng vill journalistesch Reportagë fir de Lokal- an Auslandsdeel vum Lëtzebuerger Wort, grad wéi fir d'Verfaasse vun der Gazettchen an där Zeitung.
Den Emile Rossler huet zanter 1964 bis zu senger Pensioun 1997 fir d'Redaktioune vum Grupp Saint Paul geschafft, deen entretemps vu Mediahuis iwwerholl gouf.
Ënner anerem war de joviale Reporter a senger laanger Carrière zu Gaasperech an op der Stater Gare fir d'Redaktioune vum Lokalen, dem Ausland a fir d'Editioun vum "Lëtzebuerger Sonndesblad" responsabel.
Gebierteg war den Emile Rossler aus engem Bauerebetrib vu Knapphouschent, wou hien 1932 op d'Welt komm ass.
Virun 12 Joer gouf de Journalist Wittmann. Zesumme mat senger Fra hat d'Koppel 4 Kanner.