Kreditter mat Taux variable goufen am zweeten Trimester vill méi attraktiv

© Shutterstock
Lëtzebuerger Banken hunn däitlech méi Immobiliëkreditter am zweeten Trimester verginn. 33 Prozent méi wéi d'lescht Joer.
Par Rapport zum 1. Trimester 2025 ass et e Plus vun 30 Prozent. Dat wéinst enger Baisse vun den Zënsen, manner strenge Krittären a staatlechen Aiden. Dat mellt de Statec.
Méi attraktiv ginn och nees Kreditter mat Taux variable, hei ass et e Plus vu bal 50 Prozent vum éischten op d’zweet Trimester. Am Juni hunn esou Kreditter 44 Prozent vun den neie Prêten ausgemaach, Enn 2024 waren et nach 34 Prozent.
Den duerchschnëttleche variabelen Zënstaux ass zanter Mee liicht ënnert dee feste gefall an dierft dem Statec no viru falen, iwwerdeems den Taux fixe sech bei 3,4 Prozent stabiliséiere géing.
D’Banke rechne fir d’3.Trimester mat engem Réckgang vun der Demande bei den Immobiliëprêten.
