Wéinst der Integratioun vu méi kënschtlecher Intelligenz géing et eng intern Ëmstrukturéierung bei der Holding-Firma.

Scho virdru war bekannt ginn, datt et zu Entloossunge sollt kommen, eng genee Zuel war awer bis ewell net gewosst. Elo wier de Sozialplang ënnerschriwwen, wéi Quotidien en Dënschdeg mellt. Deemno entléisst d'Entreprise Docler Holding zu Lëtzebuerg 115 Mataarbechter. De Robert Fornieri, Vize-Generalsekretär vum LCGB, huet der Noriichteplattform Virgule d'Zuelen, déi fir d'éischt vum Quotidien verëffentlecht goufen, confirméiert.

Den LCGB wier deemno vun der Personaldelegatioun bei Docler ëm Hëllef bei der Verhandlunge mat der Entreprise gefrot ginn. Dës hätten d'Entloossunge vun den 115 vun 800 Mataarbechter awer net verhënnere kënnen, wéi de Robert Fornieri Virgule erkläert huet.

Schonn am August hätt Docler bekannt ginn, datt et zu enger interner Ëmstrukturéierung soll kommen. Der Entreprise no wier schonn zanter Méint e "bedeitende Reorganisatiounsprozess" amgaangen, dee bis Enn vun dësem Summer ofgeschloss soll ginn.

Grond fir d'Ëmstrukturéierung wier d'Integratioun vu kënschtlecher Intelligenz a bestëmmt Aufgaben, wouduerch de Besoin u manuelle Prozesser reduzéiert gëtt. Deemno kéint et an den nächste Woche a weideren Duechtergesellschafte vun Docler zu Upassunge beim Personal kommen.