Déi fréier Plattform vu Gemenge géint d'Atomenergie lieft nees a wëll en Zeeche géint de "weltwäite Revival vun der Atomenergie" setzen.

27 Gemengen, dorënner Esch an Diddeleng, wiere sech géint d'Verlängerung vun der Lafzäit vun der franséischer Atomzentral vu Cattenom a géint d'Decisioun vun der belscher Regierung, fir net méi aus der Atomenergie wëllen erauszeklammen. D'Allianz erkennt en neien Trend fir Atomkraaft, deen duerch de russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain ausgeléist gi wier. Deen Trend géing awer op Käschte vun den Efforten a Richtung erneierbar Energie goen. D'Gemenge wëllen en "Zeechen" dogéint setzen.

Den Initiator vun der neier Allianz, den LSAP-Buergermeeschter vu Réiser Tom Jungen erkläert, datt vill méi Zäit vergoe géing, fir nei Atomreakteren ze bauen, ewéi wann ee géing méi konsequent d'erneierbar Energie ausbauen. D'Gemenge géint Atomenergie wiere sech bewosst, datt Europa vun Energie-Importer a Lëtzebuerg esouguer Stroum vu Cattenom benotzt. Fir den Tom Jungen misst een dowéinst natierlech "Äntwerte" fannen, fir méi onofhängeg ze ginn.

D'franséisch Autorité de sûreté nucléaire huet den 1. Juli de Wee opgemaach, fir datt Reaktere vun 1.300 Megawatt weider 10 Joer laang kënne lafen. De Bedreiwer EDF huet misse verschidde Virschrëften erfëllen an eventuell entspriechend Aarbechten un den Anlagen ënnerhuele. De Prozess ass awer nach net ofgeschloss an den Tom Jungen wëll Cattenom genee am A behalen: hien erënnert un d'Korrosioun, déi detektéiert gouf an där hir Ursaachen nach ëmmer net opgekläert wier.

D’Allianz vu Gemenge géint Atomenergie wëll e Gespréich mat den zoustännege Ministeren, fir gewuer ze ginn, ob d'Regierung nach ëmmer kritesch ass géintiwwer der Verlängerung vun der Lafzäit vun Atomzentralen oder dem Bau vun neien Zentralen. Déi 27 Gemenge wiere sech eens, wéi d'Positioun vun der Regierung ausgesi sollt: "En däitleche Refus vun der Atomenergie an e kloert Bekenntnis zu erneierbaren Energien, fir d'Ziler vun der Energiewend séier z'erreechen."