De 5. a 7. August waren um Findel d'Passagéier vun zwee verschiddene Flich aus Athen kontrolléiert ginn.

Eng Unitéit vun der Police huet Ufank August an Zesummenaarbecht mat Beamte vun der Douane um Findel zwee Flich kontrolléiert, déi aus Athen komm waren. Beim éischte Flug de 5. August goufe 35 vun den 133 Passagéier kontrolléiert. Dovun haten aacht Persoune gefälscht Ausweisdokumenter bei sech. Beim zweete Flug de 7. August sinn dann op en Neits 50 Passagéier kontrolléiert ginn, wouvun der Siwe gefälscht Dokumenter haten an eng Persoun aus engem Drëttland ouni Visa ugereest war.

De Parquet gouf duerno iwwert d'Kontrollen informéiert an huet doropshin d'Dokumenter saiséiert a Protokoll erstallt.