Gutt Qualitéit a Quantitéit bei Uebst- a Geméis-Recolten zu Lëtzebuerg
D'Saison fir Uebst- a Geméis-Recolten ass amgaangen. A Südfrankräich gouf dës duerch héich Temperature staark gestéiert. Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?
Dréchene Buedem, ze fréi Recolten a Gefor vu Sonnebrand vun de Friichte maache villen Uebstbaueren a Frankräich – wou d’Temperaturen déi lescht Wochen op iwwer 40 Grad geklomme sinn - Suergen. Och hei zu Lëtzebuerg goufen d’lescht Woch Temperature vun deels iwwer 35 Grad gemooss, wat awer nach keng Menace fir d'Uebst- a Geméisgrossisten duerstellt. Et kéint ee souguer éischter de Contraire behaapten, esou de Jean-Claude Muller, President vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin a Besëtzer vum Haff Muller-Lemmer:
"Mir kommen och aus engem Joer, 2024, wat extrem naass war, wou d'Buedemreserve ganz gutt opgefëllt waren an d’Beem si ganz kräfteg an doduercher konnte se och e ganz schéinen Usaz maachen an an deene meeschte Fäll hu mer ganz schéint Uebst do hänken, wat och ganz gutt zeideg gëtt an et muss een och soen, wann ee gutt Wieder huet, wou ëmmer Sonn schéngt, gëtt och d’Aromatik vum Uebst vill besser an dat huet eis dëst Joer schonn an d’Karte gespillt."
D’Qualitéit vum Uebst wier dëst Joer excellent an och d’Quantitéit wier gutt. E grousse Succès am Verglach zu leschtem Joer, wou et op verschiddene Plazen Ausfäll duerch Fracht gouf. Der Uebstindustrie hei zu Lëtzebuerg geet et also relativ gutt am Moment, allerdéngs huet sech an de leschte Jore gewisen, dass d’Produktioun stagnéiert. Dëst géif virun allem dorunner léien, dass net genuch Waasser verfügbar ass, esou de Jean-Claude Muller.
"All Betrib soll Waasser zur Verfügung hunn, well a sou Situatioune wéi elo, wou et dann dréche gëtt, brauch een ebe Waasser, fir kënnen ze bewässeren, fir dass d’Uebst och dann deen Ertrag bréngt, deen et soll bréngen, a soulaang dat net geséchert ass, ass elo kee weidere Betrib, dee sech wäert doranner lancéieren."
Déi meescht Betriber ginn et also scho laang, esou wéi den Haff Muller-Lemmer. Och wann d’Uebstindustrie zu Lëtzebuerg kleng ass, kann ee sech, wat d’Qualitéit vun de lokale Produiten ugeet, net beschwéieren.
Wat den Uebst-a Geméissecteur am Land ugeet, brauch ee sech also fir den Ament keng Suergen ze maachen.