Zolitte Stau e Mëttwoch de Moien a Foussgänger an der Nuecht zu Lénger ugestouss

© RTL-Archiv
Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten aus der leschter Nuecht.
Zu Lénger an der Rue de la Libération ass géint 0.30 Auer e Foussgänger ugestouss ginn. Niewent de Secouriste vu Péiteng a Käerjeng war och den Escher Samu op der Plaz.
Méi fréi am Dënschdegowend, géint 20.15 Auer, waren zu Schëffleng an der Rue du Moulin d'Pompjeeën am Asaz. Hei haten dem Bulletin vum CGDIS no Bamschuele Feier gefaangen. Blesséiert gouf keen.
Ëm kuerz viru 5.30 Auer sinn e Mëttwoch de Moien op der A1 a Richtung Tréier op Héicht vum Gaasperecher Kräiz zwee Autoen anenee geknuppt, wat dann och fir zolitte Stau gesuergt hat. Den 112 mellt do dräi Blesséierter.
Och dräi Blesséierter gouf et e puer Minutten drop tëscht Schleef an dem Donkelser Poto, wou och zwee Autoen anenee geknuppt waren. Dräi Ambulanzen an de Samu vun Ettelbréck waren am Asaz.