Pierre-Adrien Grange iwwerhëlt Leedung vu Microsoft Lëtzebuerg

© Microsoft Luxembourg
De Pierre-Adrien Grange iwwerhëlt d'Leedung vu Microsoft Lëtzebuerg an ersetzt domat de Sébastien Respaut, deen zanter 2023 un der Spëtzt stoung.
Microsoft huet e Mëttwoch ugekënnegt, datt de Pierre-Adrien Grange d'Leedung vum Standuert Lëtzebuerg iwwerhëlt. Engem Communiqué no ënnersträicht de Konzern mat dëser Nominatioun säi "kontinuéierlecht Engagement an engem Schlëssel-Marché am Häerz vun Europa".
Grousst Luef gëtt et dann och fir d'Innovatioun zu Lëtzebuerg, virop am Beräich Méisproochegkeet, Infrastruktur a Kënschtlech Intelligenz.
D'Marijke Schroos, Generaldirektesch vu Microsoft an der Belsch an zu Lëtzebuerg, huet dem Grange seng Qualifikatioune fir den neie Posten ënnerstrach, dorënner seng Kenntnisser iwwer de lokale Marché a säin Teamgeescht. Gläichzäiteg huet si dem Sébastien Respaut Merci gesot, deen zanter Januar 2023 d'Ekipp zu Lëtzebuerg gefouert huet.
De Grange, e gebiertege Fransous, lieft zanter 15 Joer zu Lëtzebuerg a war an de leschte Joren ënnert anerem fir d'Betreiung vun EU-Institutiounen zoustänneg. Hien huet dobäi eng Rei Projeten am Beräich Cloud a KI matgestalt.
"Et ass eng Éier a grouss Verantwortung dës Aufgab ze iwwerhuelen", sou de Grange am Communiqué. "Ech freeë mech, d'Entwécklung vu Microsoft am Land zesumme mat engem staarken Team virunzedreiwen."
Am Kader vun der Strategie "Digital Sovereignty 2030" vun der Lëtzebuerger Regierung schafft Microsoft schonn enk mat sëllege Partner wéi SES, POST an ArcelorMittal zesummen. Dëst stellt fir de Grange "genee de richtegen Zäitpunkt" duer, fir aus Lëtzebuerg e "féierenden Acteur an der digitaler Ära" ze maachen.