Nationalen Aktiounsplang gëtt "LGBTIQA+"-Communautéit net gerecht

D'Konsultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert den neien nationalen Aktiounsplang fir queer Persounen.
De vum Gläichheetsministère ausgeschaffte Plang géif net de legitimmen Erwaardunge vu queere Persounen entspriechen. De Ministère hätt et verpasst, hir Mënscherechter ze stäerken.
Konkret geet et zum Beispill ëm e kloert Engagement bei der automatescher Unerkennung vu Kanner an enger gläichgeschlechtlecher Koppel, déi duerch medezinesch Ënnerstëtzung entstane sinn, oder nach ëm d’Rechter vun Transpersounen oder intersexuelle Kanner.
Am Fall vun intersexuelle Kanner, déi weder mat kloer männlechen, nach mat kloer weibleche Geschlechtsmerkmaler gebuer ginn, hätt sech d’Kommissioun gewënscht, dass sougenannten "Normalisatiounsagrëffer" bei Bëbeeë verbuede géifen. Dat wier awer net geplangt.
Stéieren deet sech d’Kommissioun och drun, dass bei de Geschlechtsugläichunge vun Transpersounen nach ëmmer eng psychiatresch Evaluatioun gebraucht gëtt, wat jorelaang dauere kéint. D’Pathologiséiere vun Transpersoune wier eng Attack op hir psychesch a physesch Integritéit.