Zuel vu Leit op der Sich no Aarbecht klëmmt ëm 2,8%
D'Zuel vun de bei der ADEM ageschriwwene Leit ass am Juli 2025 op 18.396 geklommen, wat engem Joresplus vun 2,8% entsprécht.
D'Zuel vu Leit op der Sich no enger Aarbecht. déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, läit den 31. Juli 2025 bei 18.396. Dat representéiert eng Hausse vu 495 Persounen, oder 2,8%, am Verglach zum Juli 2024. Dës Hausse betrëfft virun allem Leit iwwer 45 Joer an héichqualifizéiert Persounen, dat heescht Leit mat engem Héichschoulofschloss.
Wat d'Beruffer ugeet, verzeechent d'ADEM besonnesch staark Haussen an de Beräicher Comptabilitéit, Sekretariat an Assistenz, Informatik an Transport.
De saisonal korrigéierte Chômagetaux, berechent vum STATEC, bleift stabil bei 5,9%.
D'Zuel vun neien Aschreiwungen ass iwwerdeems eropgaangen: am Laf vum Mount Juli 2025 hu sech 2.857 Residenten nei bei der ADEM ageschriwwen, also 301 méi, wéi nach am Juli 2024 – e Plus vun 11,8%.
D'Zuel vun Demandeure mat voller Chômage-Indemnitéit ass iwwert ee Joer ëm 319 Persoune gefall (-3,1%) a läit elo bei 9.929 Persounen (Stand vum 31. Juli). D'Zuel vun de Beneficiairë vu partielle Mesurë läit bei 4.203, wat engem liichte Réckgang vun 2,8% am Verglach zum Juli 2024 entsprécht.
Employeuren zu Lëtzebuerg hunn der ADEM am Juli 3.328 fräi Plaze gemellt, wat engem Réckgang vu 4,1% am Verglach zum Joer virdrun entsprécht. Den Total vun de verfügbaren Aarbechtsplazen um Enn vum Mount läit domat bei 6.747, also 10,5% manner wéi am Juli 2024. Dëse Réckgang betrëfft besonnesch d'Beruffer an der Comptabilitéit, am Bausecteur an am Stroossentransport.
