Eng Rei Abréch an Haiser an an Autoe gemellt

© RTL-Archiv
An de leschte Stonne waren Abriecher um Sennengerbierg an zu Zéisseng aktiv. Zu Diddeleng an zu Waarken gouf iwwerdeems aus Autoe geklaut.
An der Nuecht op e Mëttwoch haten Onbekannter probéiert, an een Haus an der Rue du Gruenewald um Sennengerbierg anzebriechen. Si koumen allerdéngs net eran. An de fréie Mueresstonne vum Mëttwoch gouf dann och een Abroch an ee Lokal zu Zéisseng gemellt. Éischten Informatiounen no war den Täter iwwert eng Fënster erakomm an huet d'Keess geklaut. D'Police huet nom Täter gesicht, ma konnt en net ermëttelen.
A béide Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet. Wéi Dir Iech am beschte virun Abréch schütze kënnt, kënnt Dir hei noliesen.
Et gouf allerdéngs net just an Haiser agebrach, och aus Autoe goufe Saache geklaut. Zu Diddeleng war et en Dënschdeg am Nomëtteg een Auto op der Route de Zoufftgen. Wéi et am Policebulletin heescht, hat den Täter warscheinlech Onopmierksamkeet vu sengem Affer ausgenotzt, fir eng Posch aus dem Auto ze klauen.
Scho méi fréi am Dag war et zu engem änleche Virfall komm, wou am Laf vum Moien ee Portmonni aus engem Auto an der Cité Warkdall zu Waarken geklaut gi war. Och hei goufen a béide Fäll Ermëttlungen a d'Weeër geleet. Wéi Dir Iech heigéint schütze kënnt, kënnt Dir hei um Site vun der Police noliesen.