D'Police huet vun en Dënschdeg op e Mëttwoch dräi Automobiliste wéinst ze héijer Vitess an Alkohol hannert dem Steier aus dem Verkéier gezunn.

Um Donneschdegowend gouf d'Police opmierksam gemaach op Leit, déi tëscht Héiweng a Féngeg en Auto viru gedréckt hunn. Op der Plaz hunn d'Beamte festgestallt, datt de Chauffeur kee Führerschäin hat a sech och geweigert huet, en Alkohol- an Drogentest ze maachen. Dofir gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat an e Protokoll erstallt.

An der Nuecht op e Mëttwoch huet d'Police am Rond-point Raemerich en Auto ugehalen, dee vu Bieles mat héijer Vitess a Richtung A4 gefuer ass. Bei der Kontroll goufen am Gefier verschidde Peffer-Sprayer fonnt; de Chauffeur gouf souwuel fir de Besëtz wéi och déi extrem Vitess protokolléiert.

E weideren Tëschefall gouf et an der Nuecht an der Rue de Grass zu Kënzeg – hei ass en Automobilist an d'Bréifkëscht virun engem Haus gerannt. D'Police huet de Chauffer kuerz drop identifizéiert an eng Kontroll duerchgefouert. Den Alkoholtest war positiv, wat zu engem weidere provisoresche Fuerverbuet gefouert huet. Well de Mann dem Bulletin no "onkooperativ" war a säin Auto net richteg ugemellt war, gouf d'Gefier immobiliséiert.