Eng Warnung, dass d’KI muss begleet ginn, seet den LCGB

© © Image by Facebook / Docler Holding Luxembourg
2/3 vun den 170 Salariéë goufe bei Byborg, enger Duechterfirma vun Docler, entlooss. De Robert Fornieri vum LCGB war bei de Verhandlungen dobäi.
Docler Holding huet hei am Land 115 vun den 170 Mataarbechter vun der Duechterfirma Byborg entlooss. D’Entreprise, déi digital Plattformen a Streaming-Déngschter mat Contenu fir Erwuessener ubitt, verweist op eng déifgräifend Reorganisatioun. Kënschtlech Intelligenz géing an der Entreprise gewinnten Aarbechtsprozesser ersetzen.
Antëscht gouf e Sozialplang ausgehandelt. Dofir hat déi neutral Personaldelegatioun bei Docler Holding den LCGB ëm Hëllef gefrot. “Dëst weist kloer d’Necessitéit vu staarke Gewerkschaftsorganisatiounen hei am Land”, betount de Robert Fornieri, Virstandsmember vum LCGB. Eng neutral Delegatioun kéint nämlech am Kräfteverhältnis gewéinlech net mathalen. Hier géing dat néidegt Wëssen an d’Erfarung feelen. De Robert Fornieri betount, dass awer och den LCGB erschreckt gewiescht wier vun der Argumentatioun an der Aggressivitéit, mat där de Sozialplang duerchgefouert gi wier. D’Direktioun vun Docler hätt sech den Negociatioune komplett verspaart.
Haaptargument vun Docler fir d’Kënnegungen ass, dass Aarbechtsprozesser vun der Kënschtlecher Intelligenz ersat gi wieren. „Mir hu wierklech net kënne verifizéieren, ob dat dat eenzegt Argument ass. Dat muss ech éierlech soen”, betount de Robert Fornieri. Schliisslech wiere Salariéen aus der Ressource Humaine, der Comptabilitéit an der IT gekënnegt ginn. E bëssi aus alle Beräicher. Deemno geet de Gewerkschaftler och dovunner aus, dass ekonomeschen Drock eng Roll gespillt hätt.
D’Argumentatioun vun de Kënnegunge wier als Warnung ze gesinn
Dass déi Kënschtlech Intelligenz als Kënnegungsgrond ugefouert gëtt, mécht dem LCGB suergen. De Fall bei Docler wier als däitlech Warnung ze gesinn. „Kënschtlech Intelligenz ass Deel vun der Digitaliséierung, Deel vun den neien Technologien – et ass näischt Neies. Et gëllt se einfach z’encadréieren an ze begleeden”, betount de Robert Fornieri. Dofir hätt een och schonn en Aktiounsplang ausgeschafft.
De legale Kader, fir d’Salariéë vis-à-vis vu Restrukturatioune wéinst der Kënschtlecher Intelligenz ze schützen, wier nach net staark genuch. Positiv wier awer, dass et schonn ee géing ginn, mengt de Gewerkschaftler. Wichteg wier, dass Pläng fir d’Erhale vun den Aarbechtsplazen ausgeschafft ginn, ier et zu engem Sozialplang kënnt. De legale Kader misst awer weider verbessert ginn, genau sou wéi de Sozialdialog. “Dëst ass am Interêt vun den Entreprisen, de Salariéen an natierlech och vun der Regierung”, ënnersträicht de Robert Fornieri.