CSSF gesäit sech a virsiichteger Crypto-Approche confirméiert
De Bitcoin huet déi lescht Deeg eng richteg Aachterbunnfaart hannert sech.
D‘Crypto-Welt dréint séier an ob een op der Säit vun de Gewënner oder de Verléierer lant, ka sech bannent nëmmen e puer Stonnen änneren. De 14. August klëmmt de Bitcoin op säi bis elo héchsten Taux – 124.000 Dollar fir ee Bitcoin. Duerno war e rëm am fräie Fall fir sech da bei 113.000 Dollar (Stand 20. August) ze „stabiliséieren“.
Och bei der Lëtzebuerger Finanzopsiicht weess een, wéi volatil d‘Crypto-Wärunge sinn. De Kevin Rebelo vun der CSSF mécht duerfir en Appell un d‘Leit: „Dat wichtegst ass: dir musst wëssen, wouran dir är Suen investéiert. Dir musst wëssen, dass dir 1.000 Euro gutt verduebele kënnt, awer grad esou gutt och verléiere kënnt. Et ass wichteg, dass ee just dat investéiert, wat een och verléiere kann.“
Grënn fir déi krass Schwankunge sinn d‘Stëmmung op de konventionelle Finanzmarchéen, d‘Zoll- an d‘Zënspolitik virun allem vun den USA. Nawell stiechen ëmmer méi institutionell Investisseuren ewéi Fongen och Suen a Crypto-Wärungen.
De Lëtzebuerger Premier mécht op Social Media keen Heel draus, dass d‘Regierung d‘Entwécklung vun de Crypto-Wärungen ënnerstëtzt: „Mat engem adequate gesetzleche Kader natierlech. Viru kuerzem krut eng Crypto-Plattform hei och eng Autorisatioun“, esou de Luc Frieden.
De Kevin Rebelo vun der CSSF ergänzt: „Dat war Coinbase, déi Plattform huet zu Lëtzebuerg d‘CASP-Lizenz. Och Bitstamp a Clearstream sinn autoriséiert.“
CASP steet fir „crypto-asset service provider“. Plattformen, déi d‘Lizenz hunn, stinn och ënnert der Opsiicht vun der CSSF. Dat bitt de Cliente Sécherheet, well Arnaquen am Beräich Crypto ginn et der vill, warnt de Kevin Rebelo: „Mir kréie pro Dag 10 bis 15 Mailen, déi zu deem Thema erakommen. Dacks vun Affer aus dem Ausland. Gauner benotze Lëtzebuergesch Firmennimm fir Kredibilitéit virzetäuschen. Si beducksen d‘Leit mat falschen Internetsitten an Trading-Plattformen. D‘Leit investéieren dann do a Crypto an am éischte Moment klappt alles gutt. Ma no puer Wochen oder Méint funktionéieren d‘Plattformen dann zum Beispill net méi, an da mierken d‘Leit, dass d‘Sue fort sinn.“
An da froe se d‘CSSF no Hëllef, fir d‘Suen ze recuperéieren. Leider kann d‘Finanzopsiicht net méi maachen ewéi den Dossier bei d‘Police weiderzeleeden.