De Berechungsmodell fir Busser gouf am Hierscht zejoert ugepasst, nodeems am Kader vun Analysen Ongewéinlechkeeten opgefall waren.

D'Reprochë goufen am Juli bekannt. Op Uerder vum Europäesche Parquet hat d'Police am Lëtzebuerger Bus-Secteur bei verschiddenen Entreprisen, bei der zoustänneger Verwaltung a bei engem fréieren héije Beamten doheem Perquisitioune gemaach. Dat well tëscht 2022 an 2024 Acteuren aus dem ëffentlechen Transport systematesch Elektrobus-Zerwisser a Rechnung gestallt hätten, an awer a Wierklechkeet mat thermeschen oder Hybridbusse gefuer wieren.

D'Betriber hätten duerch dëse Bedruch méi ëffentlech Sue kritt wéi hinnen eigentlech zougestanen hätten. Vum zoustännegen Transportministère huet et bis elo just geheescht, et géif ee voll a ganz mat den europäesche Justiz-Autoritéiten zesumme schaffen. Och op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP gëtt et an der Äntwert vun der Regierung net vill méi Detailer.

An der gemeinsamer Äntwert vu Yuriko Backes a Lex Delles gëtt een eng éischte Kéier just gewuer, datt d'Faiten am Hierscht d'lescht Joer am Kader vun Analysen opgeflu sinn, déi d'Generalinspektioun vun de Finanzen (IGF) als zoustänneg Audit-Autoritéit fir d'europäesch FEDER-Programmer gemaach huet. Doropshin wier den Ofrechnungsmodell ugepasst ginn, an am Zweiwel just nach sou vill ausbezuelt ginn, wéi en thermesche Bus ze gutt hätt.

D'Héicht vum finanzielle Schued wier bis elo nach net kloer. D'EU huet dem Lëtzebuerger Staat alles an allem bis elo ronn 18,8 Milliounen Euro ausbezuelt. Am Hierscht wäerten da Regierungsvertrieder an d'Chamber goe fir den Deputéierten an enger Kommissioun Explikatiounen ze ginn. D'Ministere verweisen awer elo schonn op déi lafend Enquête an d'Untersuchungsgeheimnis, sou datt deemno wéi och do offiziell vill Froe riskéieren ouni Äntwert ze bleiwen.