Pompjeeë maachen eng Übung am Parkhaus vu GRIDX
Am neien Zenter zu Wickreng, wou et virun allem alles ronderëm den Auto wäert ginn, hunn d'Pompjeeën en Donneschdeg den Owend eng Übung ofgehalen.
Wat op den éischten Ament ausgesäit wéi eng Dampentwécklung am Parkhaus, stellt sech op Nofro bei der Police als Übung vun de Pompjeeën eraus. Offiziell geet de Komplex nämlech och eréischt fir den 18. September op.
De CGDIS huet RTL géigeniwwer confirméiert, datt et den éischten Exercice vun dëser Aart am neien Zenter ass. Dat Ganzt wier organiséiert gi vum CGDIS an Zesummenaarbecht mat de Verantwortleche vum GRIDX. Mat der Übung sollt den Noutfall duerchgespillt ginn - fir ze kucken, wéi een am Eeschtfall am beschte reagéiert, wéi gutt d'Pompjeeë bäikommen a wéi gutt et mat der Waasserversuergung ausgesäit.
Vu GRIDX heescht et, d'Zesummenaarbecht mam CGDIS wier gutt verlaf an et wier wichteg, esou Tester ze maachen, fir datt ee prett ass, wann den Dag X emol géif kommen.