Nëmmen 42 Prozent vun de Leit iwwer 65 si géint Gripp geimpft

© AFP (Archiv)
De leschte Wanter ware méi Leit mat der saisonaler Gripp geheit, wéi d'Jore virdrun. Dat confirméiert de Santésministère mat offizielle Chifferen.
Sou goufen et am Wanter wärend eenzele Woche Spëtzte mat bis zu 2.500 Patienten, déi mat Grippe-Symptomer beim Doktere passéiert sinn.
De Ministère confirméiert, datt am leschte Wanter méi Fäll deklaréiert goufen, wéi déi dräi Joer virdru fir dës Saison.
An trotz dëser Hausse loosse sech net méi Leit impfen: mat nëmmen 42 Prozent vun de Leit iwwer 65 Joer läit de Grand-Duché ënnert der EU-Moyenne an den Tauxen, déi et an der Belsch a Frankräich ginn.
Lëtzebuerg schneit an där Couverture also éischter schlecht of, an awer sollen et och weiderhin nëmmen d'Doktere sinn, déi de Vaccin kënne sprëtzen.
D'Santésministesch confirméiert, datt et net virgesinn ass, datt zum Beispill och Apdikter dës Impfung solle kënne maachen. D'Froen iwwert d'saisonal Gripp hat den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo der Martine Deprez an enger parlamentarescher Fro gestallt.