Verschidde Schwammmeeschtere wënsche sech gesetzlech Kleeder-Regulatiounen
Fir den Ament gëtt et just Recommandatiounen zu Schwamm-Tenuen am Land, verschidde Schwammmeeschter wënsche sech dofir elo eng kloer Linn vun der Politik.
Wann et am Summer waarm gëtt an d’Temperature klammen, da steet fir vill Leit fest: eng Erfrëschung, dat brauch een elo. Wat fir déi eng zur Fräizäit zielt, ass fir déi aner – notamment d’Schwammmeeschter – mam kontrolléiere vun den interne Reegele verbonnen. Zemools d’Kleederuerdnung ass e schwéiert Thema. Verschidde Schwammmeeschter wënsche sech endlech ee kloert Reglement vun der nationaler Politik, déi sech bis elo mat Recommandatiounen zefridde gëtt.
Wie sech duerch déi intern Reglementatioune vun de verschiddene Piscinnen am Land liest, mierkt séier: et feelt un engem roude Fuedem. Mat Schwammkap oder ouni? Si Bermudas erlaabt oder net? Wei laang däerf d’Schwamm-Kleedung sinn oder wéi vill däerf se bedecken?
Et ginn zwar Recommandatioune vun der Santé, mee all Schwämm leet hir eege Reegelen zesumme mat der Gemeng fest. De Jang Wagner, Gérant Adminstratif vum Bains du Parc zu Esch, erkläert, wéi déi lokal Ënnerscheeder zustane kommen: "Ech mengen, do mëscht all Gemeng e bësse wéi si et mengen, wéi si et fir gutt halen. Et gi Gemengen, déi soe carrement mir huele just kuerz Schwammboxen, mir sinn e bësse méi large an deem Ganzen, mee do ass effektiv all Gemeng, déi bësse mëscht, wei se selwer well."
D’Schwämme leeë vill Wäert op d’Hygiène an d’Sécherheet – sou sollen d’Leit d'Kleedung fir an d’Waasser ze goen net virdrun dobaussen op der Strooss gedroen hunn, a se sollen och keng Ënnerwäsch ënnert d’Schwamm-Tenue undoen.
Dobäi kennt, dass de richtege Stoff – Elasthan oder och Lycra genannt – wichteg ass, wéi den Andy Schrank, Schwammmeeschter zu Esch, erkläert: "Jo, dat ass haaptsächlech, well Lycra wéineg Waasser unhëlt an alleguer déi aner, wei Cotton, dat saugt vill Waasser, dee Moment gëtt och vill Waasser an d’Vestiaire geschleeft. Et geet haaptsächlech dorëms, sou mann wéi méiglech Stoff um Kierper ze hunn, fir sou mann wei méiglech Verknaschtunge mat an de Basseng ze bréngen a fir herno sou mann wei méiglech Waasser mat ronderëm ze schleefen."
Verschidde Schwammmeeschter fille sech vun der nationaler Politik eleng gelooss a géife sech méi kloer gesetzlech Virschrëfte wënschen, déi fir d'ganzt Land zielen. Dëst géif dann och de Clienten ze gutt kommen, déi sech da kenne sécher sinn, dass iwwerall déi selwecht Reegele gëllen.