Fir d'Biodiversitéit ze schützen, sollen op d'mannst 30 Prozent vun der Landesfläch ënner Naturschutz gestallt ginn.

Sou gesäit et d'Biodiversitéitsstrategie vun der EU vir. Zu Lëtzebuerg ass ee mat 29 Prozent schonn no un deem Zil drun. Eng Erausfuerderung beim Naturschutz besteet doranner, den Equiliber tëscht dem Erhalt vun der Ëmwelt op där enger an dem demografeschen a wirtschaftleche Wuesstem op där anerer Säit ze fannen. Ee Stéchwuert ass dobäi "Kompensatioun".

Naturschutz um Përmesknupp an zu Heischent / Reportage Marc Hoscheid

Wien e bëssi am Ländchen doruechter ënnerwee ass, deem fält op, datt - Kris am Bausecteur hin oder hir - awer nach ëmmer vill gebaut gëtt. Am Normalfall bedeit dat, datt op deene Plazen Natur ewechgemaach gëtt. Fir datt déi Natur net fir ëmmer verluer ass, gëtt se op enger anerer Plaz kompenséiert. D'Michaela Plein, Cheffe de service compensation bei der Natur- a Bëschverwaltung, erkläert wéi dat genee ofleeft.

"Wann een en Entwécklungs- respektiv Bauprojet ëmsetze wëllt, muss ee fir d'éischt mol kucken, wéi eng geschützt Biotope gëtt et op der Parzell? Da kënnt ee Bureau d'études, deen dat evaluéiert an da gëtt fir all geschützt Biotop eng bestëmmt Punktzuel festgeluecht. Da gëtt gekuckt, wat ass virdrun op menger Fläch a wat ass nach do, wann de Projet ëmgesat gouf? Dat gëtt alles an Eco-Punkten ëmgerechent an d'Differenz ass déi Wäertegkeet, déi kompenséiert muss ginn."

D'Land ass a fënnef Zonen agedeelt an d'Kompensatioun muss an där selwechter Zon virgeholl ginn, an där de Bauprojet realiséiert gouf. De Süden ass aktuell déi eenzeg Zon, wou ee mam Kompenséieren net nokënnt, well de Staat net séier genuch un déi néideg Terraine kënnt. Wéi esou eng Kompensatioun funktionéiere kann, gesäit een am Éislek, méi genee um Përmesknupp bei Kauneref. Hei gouf ee Fiichtebësch no an no ersat. Amplaz vun enger Monokultur goufe verschidden Zorte Lafbeem ugeplanzt an och Weieren ugeluecht. D'Michèle Federspiel, Fierschtesch am Arondissement Wolz, nennt d'Virdeeler, déi dat fir d'Biodiversitéit bedeit.

"Do si vill méi Nischen do fir verschidden Déierenaarten, vun de Libelle bis déi méi grouss, och Vigel. An och vun de Planzenaarten, esoubal Luucht am Spill ass, komme méi Bléieplanzen op a vill méi verschidde Lafaarte wéi an engem Fiichtebestand. Wie scho selwer eng Kéier doduerch getrëppelt ass, dee weess, wéi bedrängend dat ka sinn, wann net dra geschafft ginn ass."

Um knapp 50 Hektar grousse Site goufen och zwou Baache mat enger Längt vun zesumme knapp engem Kilometer renaturéiert, dat fir tëscht 100.000 an 150.000 Euro.

Nëmmen e puer Kilometer südëstlech, direkt bei Heischent, läit den Hetschendeltchen. Hei huet d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur 1988 zwee Hektar kaaft, déi brooch louchen, well et de Proprietären ze ëmständlech war, den Terrain ze bewirtschaften. Wéi gëtt esou ee Site da restauréiert?  De Claude Schiltz, Geograf bei Hëllef fir d'Natur:

"Den Terrain gëtt dann entbuscht an eng nei Clôture gemaach an och deelweis opgewäert. Hei hu mer Uebstbeem gesat 1988 an eng Heck geplanzt. Op anere Plaze maache mer och Saatguttransferen, wann déi typesch Aarten net méi do sinn, dann ass dat och eng Etapp. Esoubal mer déi Saache gemaach hunn, da fënnt een och rëm ganz einfach Leit, déi dat landwirtschaftlech wëllen notzen."

Mëttlerweil huet d'Fondatioun 17 Hektar Bëscher a Wisen am Hetschendeltchen ronderëm d'Wooschenterbaach an Highland-Ranner droen dozou bäi, datt d'Landschaft gefleegt gëtt. A well een zu Heischent och Traditioune fleegt, géing ee gären d'Fléizen, dat zum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO gehéiert, hei iergendwann nees praktizéieren.