Police
200 Chauffeure kontrolléiert, zweemol war de Permis direkt fort

D'Police huet e Freideg den Owend an e Samschdeg de Moien Alkoholkontrollen op enger Rei Plazen an der Stad gemaach.
Am ganzen hunn 200 Chaufferen misse blosen. 10 Automobilisten haten ze vill gedronk. Bei zwee Chauffeure wuel sou vill, datt se de Führerschäin direkt hu missen ofginn. Eng Persoun hat dann och nach kee gëltege Fürerschäin, dat wéinst engem Fuerverbuet.
Géint 3.30 Auer e Samschdeg de Moien gouf d'Police vun Ettelbréck op e Chauffeur opmierksam, deen a Schlaangelinne gefuer ass a bal mat engem geparkten Auto kollidéiert ass. Bei der Kontroll koum eraus, dass de Mann ze vill Alkohol gedronk hat a sech hannert d'Steier gesat hat. De Permis gouf doropshin agezunn.
Am meeschte gelies