"Mir kämpfe fir dës Faarwen. Net zanter 2022. Ma zanter Joerhonnerten""
D'Ukrainer hunn zu den éischte gehéiert, déi der Sowjetunioun wärend hirem Zerfall, de Réck gedréit hunn. Mat den haut bekannte Konsequenzen.
Fir d'véierte Kéier hannerteneen an Zäite vu russescher Invasioun hunn Ukrainer zu Lëtzebuerg e Samschdeg den Dag vun hirem Fändel zelebréiert.
"Cette journée représente pour nous, notre combat. Nos valeurs. Notre liberté. Et tout ce qui représente pour nous l’Ukraine tout court. Les couleurs de notre pays, le ciel, le blé", sou d'Anna Dolya, eng Ukrainerinne hei zu Lëtzebuerg.
An engem Cortège vun Autoen a Motorrieder, mat deels groussen ukrainesche Fändele goungt et duerch, respektiv ronderëm d'Stad. Zanter 2009, ass et eng Traditioun, datt an der Ukrain um Dag virun Nationalfeierdag, d'Symboler vum Land geéiert. Dorënner de Fändel.

© Jeannot Ries / RTL
De Kampf d'Fräiheet geet op Joerhonnerten zeréck
Nom Fall vun der Berliner Mauer, 1989, steet dee blo-giele Fändel am Dezember 1991, um Ament, wou d'Enn vun der Sowjetunioun beschloss gëtt, scho mat um Dësch.
''Mir kämpfe fir dës Faarwen. Net zanter 2022. Net zanter 2014. Ma zanter Joerhonnerten. Mir kämpfen fir eis Onofhängegkeet. A wéi mer et elo wëssen, huet dat e Präis", sou d’Inna Yaremenko, déi grad aus der Ukrain zeréck op Lëtzebuerg kënnt.
Haut, am véierte Joer vun der russescher Invasioun, sinn d'Ukrainer méi ewéi jee, extrem enk mat hirem Fändel verbonnen. Sou wéi de Roude Léiw am Zweete Weltkrich, ass haut an der Ukrain dee blo giele Fändel d'Zeechen, vu d'Fräiheet. Territoiren, Dierfer, déi net vun de Russe besat sinn.
Den Nicolas Zharov, President vun der Asbl LUkraine erkläert:
"Les drapeaux Ukrainiens, pour nous c’est très important. Paracerque, il y a des gens qui défendent notre pays. La, ou il y a les drapeaux Ukrainien, il y a la paix. Il y a la sécurité. On valorise beaucoup ces symboles nationaux pour lesquels on a payé un très, très grand prix."
De Cortège e Samschdeg war och fir de gudden Zweck. D'Asbl LUkraine.org sammelt weider Spenden, fir dës Kéier dat ukrainescht Fräiwëllege-Regiment ''Krahen'' mat schwéiere Pick-Up-Gefierer z'ënnerstëtzen.