Abroch zu Réiser an zweemol gouf versicht zu Diddeleng anzebriechen

© RTL Archivbild
Et ass Vakanzesaison an domat och d'Saison vun den Onéierlechen, déi an Haiser a Wunnengen abriechen.
E Samschdeg krut d'Police en Abroch zu Réiser an en Eefamilljenhaus gemellt. Den Abroch war wuel schonn e puer Deeg hier, wéi et heescht. Sämtlech Zëmmere waren duerchwullt ginn. D'Spueresécherung vun der Police technique war op der Plaz.
E versichten Abroch gouf et an en Eefamilljenhaus zu Diddeleng, dat tëscht e Freideg- an e Samschdegnomëtteg an der Rue Hubert Clement. Den oder d'Täter hu versicht d'Entréesdier mat engem onbekannte Géigestand opzebriechen, wat awer net gelonge wier.
E weidere Versuch, och zu Diddeleng awer an der Rue Révérend Père Jacques Thiel, goufen et e Samschdeg den Owend. Och hei goufe Spueren un der Entréesdier festgestallt. Wéi d'Police präziséiert, si wuel dräi Täter a Richtung Rue Pasteur geflücht, wéi eng Nopesch si gestéiert huet. Et soll sech heibäi ëm ee Mann an zwou Frae mat wäisser Hautfaarf handelen, déi haaptsächlech däischter ugedoe waren. Eng Fra hat eng rosa Jackette un.