Zwee alkoholiséiert Automobilisten hunn hire Permis verluer

© RTL Archivbild
D'Police gouf an der Nuecht op e Sonndeg op zwee Asätz geruff, well Chaufferen ze déif an d'Glas gekuckt haten a sech hannert d'Steier gesat hunn.
Géint 04.20 Auer krut d'Police en accidentéierten Auto am Rond-point an der Zone d'activité Wolser bei Beetebuerg gemellt. Op der Plaz war awer kee Chauffer virzefannen. Eng Zeien huet de Beamten erzielt, dass dësen fortgaange wier.
No enger kuerzer Sichaktioun konnt de besoten Automobilist ugetraff ginn an et gouf en Alkoholtest gemaach. Dee war positiv a well de Mann spéider refuséiert huet, am Spidol eng Bluttprouf ze maachen, krut hien de Permis ewechgeholl.
Géint 5 Auer krut d'Police eng staark alkoholiséiert Persoun an engem Won gemellt, dee queesch zu Diddeleng géif op engem Trëttoir stoen. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass d'Fra hannert dem Steier vill ze vill gedronk hat. Och hei war de Fürerschäi fort.
An hei nach déi vun der Police annoncéiert offiziell Vitesskontrollen.