De Rettungshelikopter an de SAMU hunn ënnert anerem missen e Sonndeg an der Mëttesstonn an den Asaz, dat tëscht Waarken a Bierden. 

Do waren e Cyclist an e Motorradschauffer anenee gerannt.

Um 4 Auer war tëscht Lëpschent an der Giewelsmillen e Motard gefall. De SAMU war am Asaz.

Zwee Cyclisten waren e Sonndeg de Moien anenee gerannt, dat um 20 op 11 tëscht Hiefenech a Reiland. Ee gouf blesséiert, mellt de CGDIS.