Op der Fouer spillt d'Thema "Sécherheet" eng wichteg Roll
Um Glacis sinn nieft de Policebeamten och privat Sécherheetsagenten aktiv.
Wou vill Leit beienee kommen, ass d'Warscheinlechkeet grouss, datt och e puer Onéierlecher dorëmmer sinn oder et alt mol zu Sträit kënnt. D'Organisateure vun der Schueberfouer erwaarde sech, datt bis den 10. September eng zwou Millioune Visiteuren de Wee op de Glacis fanne wäerten. Do spillt d'Thema Sécherheet natierlech eng wichteg Roll. De Marc Hoscheid huet nogefrot, wéi eng Mesurë geholl ginn, datt d'Leit ouni Bedenken op d'Fouer goe kënnen.
Déi allermeeschte Leit, déi op déi gréisste Kiermes vum Land ginn, maachen dat wuel an éischter Linn, fir den Alldag hannert sech ze loossen an einfach eng gutt Zäit ze hunn. D'Organisateure mussen awer dovunner ausgoen, datt net jiddereen et gutt mengt. Dowéinst gëtt a ville Reuniounen ee Sécherheetskonzept erstallt.
De Laurent Schwaller (Fouermeeschter): "Et ginn eng Rei visibel Mesuren, dat sinn zum Beispill déi Bëtongsbléck, déi Barrièren, déi mer hunn. Mee déi beschte Sécherheet ass ëmmer déi, déi een net gesäit. Et gëtt eng ganz Rei vun Noutfallprozeduren an Noutfallofleef, déi natierlech festgehale si fir déi Fäll, déi mer all net wëllen hunn, mee falls déi antreffen, hu mer déi Prozeduren, fir dee Moment ze reagéieren."
Op Demande vun der Stad Lëtzebuerg ass eng privat Sécherheetsfirma um a ronderëm de Glacis present. An éischter Linn sollen d'Agenten dofir suergen, datt näischt un d'Manègen an d'Caravanne vun de Foraine kënnt. Si reegelen och den Zougank op de Glacis a suergen dofir, datt d'Leit sécher iwwert d'Tramsschinne kommen. Ma si patrulléieren awer och iwwert d'Fouer.
De Patrick Goldschmidt (Stater Schäffen a responsabel fir de Service Fêtes et marchés): "Wa mer se schonn hei hunn, 24 Stonnen op 24, an enger Uniform ronderëm goen, ob dat eng Sécherheetsfirma ass oder d'Police oder CGDIS, dat gëtt de Leit awer een zousätzlecht Sécherheetsgefill. Dofir ass dat fir eis extrem wichteg an dofir investéiere mir och doranner."
Wann ee Problem ass, kann een d'Agenten och uschwätzen a si hëllefen engem, respektiv leeden een un den zoustännegen Uspriechpartner virun.
Wat d'Kriminalitéit ugeet, stellen Täschendéiwen dee gréisste Problem duer, dowéinst ass et de Rot, gutt op seng Saachen opzepassen. Een anere Problem hätt een iwwerdeems ëmmer besser am Grëff.
De Laurent Schwaller (Fouermeeschter): "Kläppereien oder Streidereien, dat ass déi lescht Joren awer relativ erofgaange muss ee soen. Ech mengen dat ass och duerch déi verstäerkte Presenz an och déi visibel Presenz vun der Police, déi dee ganzen Dag iwwer um Site ass. An och bei der Fermeture, et ass jo oft dann, datt Leit vläicht uneneegeroden, si Police-Agenten ënnerwee, fir eben ze kucken, datt d'Leit aus deenen Etablissementer, déi dann zoumaachen, sécher erauskommen an de Site ouni Tëschefäll verloossen."
Vill vun deenen Etablissementer engagéiere mëttlerweil fir d'Owesstonnen och nach zousätzlech Sécherheetsfirmen op eege Käschten. Wat d'Police ugeet, sou huet déi ee speziellt Kommissariat direkt bei der Haaptentrée. D'Beamte sinn awer am Fong iwwerall um Glacis ënnerwee.