Hannert dem Kachdëppen, fir d'Pompjeeën am Asaz ze versuergen
De Service Ravitaillement besteet aus 120 Leit. Et si grosso modo fräiwëlleg Pompjeeën. An der Ekipp ginn et awer och sechs Haaptberufflecher.
D'Josiane Bartz hëlleft zanter 18 Joer Benevole beim Service "Ravitaillement" vum CGDIS. Si steet hannert dem Kachdëppen a versuergt d'Pompjeeë wärend engem gréisseren Asaz mat Iessen. Den 112 informéiert d'Equipe iwwert d' Quantitéiten, déi gebraucht ginn.
Josiane Bartz: "Do kréie mir eng Fiche, wou drop steet, wéi vill Pompjeeën am Asaz sinn, wéi eng Corpsen dass eraus sinn, an anhand dovu kucke mir da bësse wat mir brauche vun Iessen. Et ass och net ëmmer Iessen, et ass och emol just e "Ravi 1", wou da just Schocola a Waasser a Kaffi a sou mat eraus geet, Ravi 2, fänke mer dann u wierklech mat eisem Foodtruck ze kachen."
De Service Ravitaillement besteet aus 120 Leit. Et si grosso modo fräiwëlleg Pompjeeën. An der Ekipp ginn et awer och sechs Haaptberufflecher. Meeschtens geet de Foodtruck eraus. Fir d'lescht war dat uganks Juli de Fall. Dëse Won kann d'Secouriste mat waarmem Iessen a Gedrénks versuergen.