De CGDIS mellt zwee Accidenter, bei deenen am Ganze véier Leit blesséiert goufen. Dat tëscht Léiler an dem Lausduer an zu Diddeleng.

Géint 21.41 Auer e Sonndegowend goufen d'Rettungsdéngschter wéinst engem Cyclist op den CR338 tëscht Léiler an dem Lausduer geruff, dee vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf. Am Asaz waren de Samu vum Ettelbrécker Spidol, d'Ambulanciere vun Ëlwen an d'Pompjeeë vu Clierf.

Zu Diddeleng an der Route de Kayl koum et iwwerdeem géint 3.59 Auer an der Nuecht op e Méindeg zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, bei där am Ganzen dräi Leit blesséiert goufen. Hei waren d'Rettungsekippe vun Diddeleng, Keel an Esch op der Plaz.