D'Gemeng Kielen huet e Méindeg de Moie matgedeelt, datt et an den dräi Dierfer Kielen, Nouspelt an Ollem Problemer mam Drénkwaasser géif ginn.

Den techneschen Déngscht vun der Gemeng géing un enger Léisung vum Problem schaffen. Géint 15 Auer koum dunn de Message vun der Gemeng Kielen, datt de Waasserprobleem behuewe wier.