Véier Schwéierblesséierter bei dräi Accidenter uechter d'Land

© RTL Archiv
D'Police mellt e Méindeg dräi Accidenter vun e Sonndeg respektiv e Méindegmoien, bei deenen am Ganze véier Leit schwéier blesséiert goufen.
Deemno war et e Sonndeg de Mëtteg géint 12.50 Auer um CR348 zu Waarken zu engem Accident tëscht engem Motorradsfuerer an engem Cyclist komm. Éischten Informatiounen no koum et zu der Kollisioun, wéi de Cyclist no lénks ofbéie wollt. Déi zwee goufe beim Accident schwéier blesséiert a koumen no enger éischter medezinescher Versuergung sur place an e Spidol. D'Streck war fir d'Dauer vun de Rettungsaarbechte gespaart.
E weidere blesséierte Motocyclist gouf et iwwerdeem géint 16 Auer e Sonndeg op der N27 zu Lëpschent. Hei hat de Chauffer d'Kontroll iwwer säi Motorrad verluer an ass mat dësem gefall. Hie koum schwéier blesséiert an d'Klinik.
E Méindeg de Moie war der Police iwwerdeem gemellt ginn, datt bei der N10 tëscht Ënnereesbech a Stolzebuerg en Auto am Waasser géing leien. Déi dräi Leit, déi am Auto souzen, konnte befreit ginn, allerdéngs war ee vun hinnen esou uerg blesséiert, datt en an d'Spidol huet misse bruecht ginn. Bei der Kontroll vum Chauffer waren den Alkoholtest an den Drogentest positiv. Hien an de weidere Passagéier koume fir eng medezinesch Kontroll och an d'Spidol. Wéi de CGDIS a sengem Bulletin schreift, waren de Samu vun Ettelbréck, de Groupe de sauvetage aquatique an d'Rettungsdéngschter vun Housen, Clierf, Pëtschent, Wolz an dem Zenter Nordstad am Asaz.
An allen dräi Fäll huet d'Police d'Informatiounen iwwer d'Accidenter opgeholl.