E Sonndeg an an der Nuecht op e Méindeg goufen der Police eng Rei Abréch an Déifställ uechter d'Land gemellt.

Abréch

E Sonndeg de Mëtteg ass d'Police wéinst engem Abroch an en Eefamilljenhaus zu Diddeleng an der Rue Bannent an den Asaz geruff ginn. D'Täter haten d'Zëmmer am Haus duerchsicht an eng Rei Géigestänn matgoe gelooss. D'Ermëttlunge géint déi bis ewell onbekannt Abriecher lafen nach.

An der Nuecht op e Méindeg huet eng Policepatrull an der Rue André Duscher op der Stater Gare eng Keess fonnt. Wéi sech erausstelle sollt, konnt dës Decouverte mat engem Abroch an e Buttek an der Rue de Strasbourg a Verbindung bruecht ginn. Och hei ass d'Identitéit vun den Täter net bekannt, an d'Ermëttlunge lafe weider.

Déifställ

An där selwechter Nuecht gouf d'Police dann zu Dikrech op dräi Persounen opmierksam gemaach, déi amgaange waren, sech Autoen unzekucken, déi geparkt waren. Wéi d'Beamten op d'Plaz gefuer sinn an déi dräi Persoune kontrolléiert hunn, konnte si tatsächlech Géigestänn fannen, déi aus Autoe geklaut gi waren. Op Uerder vum Parquet goufen d'Géigestänn saiséiert a Protokoll erstallt.

E Sonndeg war et dann nach am Nomëtteg zu engem Iwwerfall um Kierchbierg op der Avenue John F. Kennedy komm. Bei enger Rouder Luucht gouf ee Foussgänger vun zwou Persounen ugeschwat, déi nom séierste Wee an d'Stad gefrot haten. Wéi d'Affer de Wee gewisen hat, hunn d'Täter hir d'Kette vum Hals gerappt a sech duerch d'Bascht gemaach. D'Sich no den Täter hat kee Succès.